Som vu Geeschtgras iwwer Nuecht an engem Glas Waasser virkeime loossen. Den ieweschten Deel vun engem Tetrapak ofschneiden an de Behälter gutt spullen. Een Drëttel mat Steng fëllen, de Rescht mat Buedem. De Som op de Bueden streeën a géissen.
Geeschtgras wiisst ganz schnell (et kann een him bal nokucken) – no 10 Deeg ka et scho geschnidde ginn.
Geeschtgras gëtt och oft “Smoothiegras” genannt an enthält vill Vitaminner a Mineralstoffer.
Quell: SNJ