Dir braucht just 28 kleng Steng (oder Holzstécker), déi dir dobausse beim Spadséiere goe kënnt sammelen.  

Wäscht d’Steng doheem fir d’éischt gutt a loosst se dann dréchnen. Moolt se da mat Acryl- oder Waasserfaarwe faarweg. Huelt dofir 7 verschidde Faarwen a mol d’Steng sou wéi hei um Muster ënnendrënner gewisen. Wann d’Faarf bis gedréchent ass, kann et lassgoe mam Spillen!  

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • Op wat sollt een oppassen? Ier d’Bastele lass geet, eppes drënner leeën, fir dass näischt un den Dësch kënnt. Nieft de Steng oder Holzstécker kann een och eng Këscht Bastelen fir se dran ze maachen an déi da faarweg molen.   
  • Wéi laang Zäit brauch een? Steng sammele, fierwen, dréchne loossen a spillen: dat ka schonns en hallwen Dag huelen. An den eegenen Domino kann een ëmmer erëm eraus huelen.   

Quell: SNJ/Kannerdoheem.lu