Du brauchs dofir:
- Dännenzapen
- Päifebotzer
- Toiletterouleau
- Kartonsreschter
- Acrylfaarf a Pinsel
- Pech, zwee kleng Äscht, Schnouer, eventuell hëlze Pärelen, Wackelaen, Stoftrescht
D’Dännenzape loosse sech gutt mat Acrylfaarf bemolen. Fir d’Dännebeemercher hëls du gréng Faarf a mol esouvill Zapen wéi’s Du herno wëlls Beemercher hunn. Mol och een Toiletterouleau mat där nämmlechter Faarf. Wann alles gedréchent ass schneits de vun der Rull kleng Rondelen of, op deenen d’Zape kënne stoen. Fir d’Rendéier hëls de 3 Deeler Päifebotzer. Zwee Stéck dovun lees de fir d’Been ronderëm eng Zap a béi se sou a Form dass d’Rendéier stoe bleift. Mam 3. Stéck Päifebotzer forms de e Gewei. Schneid e klenge roude Krees aus Kartong fir d’Nues, a pech den mat de Wackelaen op. Fir den Zapemann mam Baart hëls de en hallwe Krees aus Kartong a pechs den als spatzen Hutt zesummen. De Baart kanns de aus Konschtschnéi mat engem Zwier ronderëm d’Dännenzap festmaachen. D’Holzpärelen méchs de um Enn vun enger Schnouer fest a strecks se als Äerm an als Been ronderëm d’Zap. Aen , Nues an Hutt upechen, de Männchen an e klengt Glas sëtzen, fäerdeg. Fir d’Dännenzap di Ski fiert schneits de aus Kartong zwee Ski aus a pechs se un e Rondel Toiletterull déi’s de wäiss usträichs. D’Dännenzap och wäiss usträichen, fir de Kapp kann een eng Noss oppechen. Aus dem Päifebotzer d’Äerm formen, déi vir di kleng Äscht wéi Ski unhalen. Aus dem Rescht Päifebotzer Ouereklappe formen, Wackelaen oppechen, aus dem Stoftrescht e Schal ëm d’Dännenzap wéckelen.