Et war e gewësse Johann Hinrich Wichern, deen am virleschte Joerhonnert deen éischten Adventskranz gebaut huet. Hien ass de Grënner vun engem Haus zu Hamburg, wou Kanner, déi als schwiereg agestuuft goufen, ënnerbruecht goufen. Fir d’Zäit vum éischten Advent bis op Chrëschtdag ze zielen, huet hien e Kranz mat véier groussen an 20 méi klenge Käerzen entworf. Dësen éischten Adventskranz ass dono vereinfacht ginn op just véier Käerzen an esou kenne mir en och nach haut.An dësem Atelier bastele mir zesummen eise ganz eegene Kranz mat Dännenzweig an dekoréieren en no eisem perséinleche Goût.

Informatiounen: