Zwou Monsteréquippen trieden géinteneen un. Jiddereng versicht, esou schnell wéi méiglech dat géignerescht Feld ze besetzen. Dëst flott Spill kënnt dir selwer zesumme bastelen. Dofir braucht dir nëmmen e Kartong – zum Beispill eng Schongkëscht – eng Kartongssträif, déi e bësse méi laang ass wéi de Kartong breet ass, Pabeier, eng Schéier an zéng Knäpp. De Knäpp kann een och Monstergesiichter opmolen.

D’Kartongssträif soll d’Schongkëscht an zwee gläich grouss Spillfelder opdeelen. Dofir ginn d’Säiten vun der Sträif ageschnidden, sou dass een se op d’Schongkëscht stieche kann. An der Mëtt vun der Kartongssträif gëtt e Goal geschnidden. D’Spill geet dann esou: all Spiller kritt fënnef Knappmonsteren. Ween se fir d’éischt an d’géignerescht Spillfeld geschnippt huet, huet gewonne.

Hei fannt dir d’Quell fir d’Iddi.

Méi Iddien fir Aktivitéiten doheem: www.kannerdoheem.lu