E Bumerang aus Kartong ass séier gebastelt
De “Bumi” ass e klengen Indoor-Bumerang. Wann een e richteg geheit, kënnt en ëmmer rëm zréck. Fir de “Bumi” ze bastelen brauch ee e grousst Stéck Kartong, eng Schéier, Pech an e Printer fir d’Schabloun auszedrécken. Déi fënnt een hei.
Fir d’éischt graff d’Schabloun ausschneiden an dann op de Kartong pechen. Dono d’Stéck Kartong no der Schabloun schneiden. De “Bumi” muss op deene richtege Plazen liicht no ënne gebéit ginn, fir dass et e richtege Bumerang gëtt.
Wéi een e lancéiert, fannt dir um Website www.kannerdoheem.lu