Fir dëst Spill brauchs du 3 Orangen oder 3 kleng Bäll. Fänk an der Kichen un: klemm eng Orange tëschent deng Knéien a géi sou bis an d’Stuff. Dréin dech an der Dier fir an d’Stuff nach eemol ëm dech selwer. Lee deng Orange op de Stuffendësch a géi zréck an d’Kichen, fir déi zweet Orange sichen ze goen. D’Spill ass eriwwer, wann’s du déi 3 Orangë vun der Kichen an d’Stuff transportéiert an do um Dësch ofgeluecht hues. Awer opgepasst, all Kéiers wann d’Orange erof fält, muss du rëm zréck an d’Kichen an de Wee vu vir ufänken! Looss dir aner kreativ Saachen afalen, fir de Parcours méi schwéier oder méi witzeg ze maachen. 

Quell: SNJ/Kannerdoheem.lu

Méi: www.kannerdoheem.lu