D’Plattform aktivDoheem.lu stellt reegelméisseg nei Offeren an deenen dräi Kategorien „Eltere mat Kanner”, „Jugendlecher” a „Senioren” vir, déi weisen, wéi een doheem aktiv ka ginn oder bleiwen. Eleng, zesumme mat Äre Kanner oder mam Partner – an dëst fir all Alterskategorie. D’Spiller an d’Übungen ginn a kuerze Filmer gewisen.
D’Plattform ass eng Zesummenaarbecht vun zwee laangjärege Partner an de Beräicher Sport a Beweegung: dem Sportsministère an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, mat hire Servicer, der École nationale de l’Éducation physique et des Sports (ENEPS) an dem Service national de la Jeunesse (SNJ).