Mir brauchen: En Eemer, e Stéck Kartong wat liicht méi grouss ass wéi d’Ëffnung vum Eemer, en Handduch, e Stéck Ficelle (1 Meter), e Schnéibiesem, eng Strëmp an eng Mask (z.B. eng blo OP-Mask).   

Als Éischt schneide mir en Deckel fir den Eemer aus Kartong eraus. Dofir stelle mir den Eemer op de Kartong an zeechne ronderëm.  Da musse mir awer nach een zweeten, méi grousse Krees ronderëm zeechnen. Dëse muss net perfekt oder ganz ronn sinn. E muss awer méi grouss si wéi den Eemer, fir dass de Kartong  net an den Eemer fält.     

Elo leeë mir d’Handduch uewen drop a bannen et mat eiser Schnouer fest.   

Fir de Bengel:  Mir stëlpen d’Strëmp iwwer dat iewescht Stéck vum Schnéibiesem.  Fir dass et nach méi mëll gëtt kënne mir d’Strëmp och puer mol ëmdiebelen an nach eng Kéier driwwer stëlpenDa befestege mir d’Strëmp mat enger Mask.  Mir zéien d’Lastiker ronderëm de Grëff an dann nach emol ronderëm d’Strëmp.   

Elo ass alles fäerdeg a mir kënnen domat trommelen