E Pirateschëff, dat esouguer richteg schwëmmt kënnt dir ganz schnell aus engem oder méi Eeërkartongen bastelen. Weider braucht dir dofir Schallimo oder Holzspiesser fir d’Masten oder Blieder aus Pabeier fir d’Seegelen. Den Eeërkartong an d’Blieder kann ee super molen an dekoréieren. Et kann ee souguer e Schëff mat méi Stäck bauen. Een Tipp fir dass d’Schëff schéi laang hält, wann dir et um Waasser fuere loosst: pecht e stéck Alufolie ënnert d’Schëff sou dass et iwwer d’Borden erop reecht.
E Pirateschëff aus Eeërkartongen
