Der Fantasie si keng Grenze gesat wann dir wëllt e Parcours fir Jicke bauen. Dofir braucht dir Rullen aus Kartong, eng Schéier, Pechband, eng Këscht an eng grouss Fläch wou een Saache kann droppechen. Fir d’éischt sollt een de Parcours mol anzwousch opmolen, den ee well gestalten. Dono geet et un d’Bastelen. D’Rulle ginn op déi richteg Mooss geschnidden. Passt op, dass der Fënster dra schneit, fir dass dir herno kënnt kucken wéi d’Jicke lafen. Si kënne ganz einfach opgepecht ginn: rullt Stécker vum Pechband einfach zesummen a pecht si op d’Rullen. Déi kënnt dir dann och op déi Plaz pechen, wou dir se hi wëllt hunn. Um Schluss vum Parcours kënnt dann d’Këscht, an déi d’Jicke kënnen eralafen.  

Informatiounen fir d’Elteren:

Quell: SNJ/www.kannerdoheem.lu