Du brauchs dofir:

  • E Stéck duerchsiichteg Seef (Glyzerin)
  • Seefeformen (oder eng Form aus där d’Seef sech herno nees raushuele léisst)
  • Wäisse Pabeier, Bläistëft, Faarwen, Schéier
  • Eng Schossel
  • Vläicht parfüméierten Ueleg, kleng Stengercher, oder wat soss an d’Seef passt

Fir t’éischt zeechens De d’Konture vun der Seefeform op de Pabeier, schneits déi aus, sou dass se platt kënnen an der Form fir d’Seef leien. Du kanns hei drop molen oder schreiwe wat s Du wëlls. Dann léhs De d’Bild no ënnen an d’Form vun der Seef. D’Seef dann a kleng Stecker an eng Schossel schneiden, Bei 500 Watt an der Mikrowell gëtt d’Seef flësseg (wann dat net duer geet widderhuelen). Wann se flësseg ass kanns De nach e puer Drëpsen Doftueleg dobäi maachen. Dëst da lues an d’Form schëdden. Elo kanns De och kleng Deeler (Stären, Stengercher, Wackelaen,….) an d’Seefeflëssegkeet maachen. Dann muss d’Seef dréchnen, dat geet méi séier wann se kal steet, z. Bsp. dobaussen op der Fënster. Ass d’Seef haart kanns Du se lues aus der Form huelen.