Dir hutt bestëmmt scho gemierkt dass eng Computermaus just op verschiddenen Uewerfläche gutt “maust”. Dofir gëtt et sougenannt Mousepads. Déi sinn awer meeschtens eefaarweg an éischter langweileg. Mais fir Pappendag kënnt der äre Papp mat engem selwergebastelte Mousepad iwwerraschen.

Dofir braucht der dat heiten :

  • Moosgummi (obmannst 20cm op 20cm) oder e Stéck Kork (z.Bsp. en Ënnersetzer fir Dëppen) als Ënnergrond.
  • e Stéck decke Pabeier fir d’Schabloun 
  • e Stéck Stoff aus Kotteng fir driwwer, oder eng schéi Folie déi vum selwe pecht
  • Pech (Zervéitepech oder Bastelpech den de Moosgummi net futti mécht , “Vliesofix” fir den aus Kork mat Stoff)
  • eng Schéier, eventuell e Pinsel

Fir t’éischt muss Du decidéiere wéi eng Form de Mousepad soll hunn : eigentlech ass all Form méiglech, denk awer drun dass d’Computermaus gutt soll iwwer de Pad “lafen”.Wanns Du eng Form hues, zeechen se op de Kartong op a schneit se aus.Lee dann d’Schabloun op de Moosgummi, fuer mat engem Stëft d’Kontur no, a schneid d’Form vum Mousepad aus. Dono méchs Du dat nämmlecht mam Stoff – pass hei op dass d’Schabloun op der Récksäit vum Stoff läit, net dass een dono d’Kontur um Mousepad gesäit.Pinsel dann den Zervéitepech op de Moosgummi, a lee d’Stéck Stoff drop.Fuer mat den Hänn driwwer fir dass de Stoff schéi glat ass a gläichméisseg upecht. Schonn ass dengem Papp säin eenzegaartege Mousepad fäerdeg.