Zum Beispill Flantermais a Spannen aus Käschten, Wandliichter aus ale Gebeessglieser oder och grujeleg Fiseminnen, a Kalbasse geschnëtzt.

Fänke mer mat de Käschteflantermais a -spannen un.

Dir braucht dofir :

  • Käschten
  • decke schwaarze Pabeier
  • donkelbrong Päifebotzer
  • e wäisse Faarwmarkéierer
  • Schéier, Pech, eventuell eng Nol an eng dënn Schnouer fir opzehänken, Wackelaen

Fir d’Spannen huelt der eng Käscht, pickt op all Säit 4 Lächer fir d’Been, a schneit vum Päifebotzer 8 Stécker vun all Kéier 6 Zentimeter of. Um Enn vun de Stecker kënnt e puer Hoer vum Päifebotzer erofzéien, da kritt der se besser an d’Käscht gedréckt. Dann d’Päifebotzer zweemol diebelen. Wann der se wëllt ophänke kënnt der nach eng dënn Schnouer duerch d’Käscht zéien. Loosst iech dobäi eventuell hëllefen, Käschte sinn nawell haart. Pescht dann d’Wackelaen op, zeechent der Spann mam wäisse Faarwmarkéierer nach e witzegt oder grujelegt Gesiicht, fäerdeg.

Fir d’Flantermais kënnt der direkt am Ufank mat enger décker stompeger Nol eng Schnouer duerch d’Käscht zéien, maacht drënner e Knuet dran. Zeechent iech eng Schabloun vu Flantermausflilleken, an zeechent déi sou dacks op schwaarzem Pabeier no wéi der Flantermais wëllt bastelen. Schneid d’Flilleken dann eenzel mat der Schéier aus. Dreckt da mat der Schéier op all Säit vun der Käscht e klenge Schlitz, a stiecht d’Flilleken dran. Dono moolt der der Flantermaus nach e Gesiicht.

Fir dass di Käschtendéieren net esou eleng duerch di däischter Nuecht geeschtere musse bastele mer hinnen e Wandliicht.

Dofir braucht der:

  • proppert Gebeessglas
  • Téiliicht
  • Transparentpabeier, decke schwaarze Pabeier
  • verschidden Halloweenmotiver, wéi eng Kaz mat Bockel, eng Hex um Biesem, e Geeschterschlass, Flantermaus, Spann

Dir fannt vill Motiver online, oder kënnt iech der selwer opzeechnen.

Hei z. Bsp. si Virlagen:

Hexenhaus

Halloween Motiver

Huelt elo de schwaarze Pabeier a leet et eemol ronderëm d’Gebeessglas, markéiert wéi breet dës Stéck Pabeier däerf sinn. Schneid dann di verschidde Biller aus, leet se op de schwaarze Pabeier a fuert d’Konturen no. Schneid dann di opgezeechent Motiver aus dem schwaarze Pabeier aus. Pescht dës Motiver op den Transparentpabeier. Dono wéckelt der dat Ganzt ronderëm d’Gebeessglas, a pecht di eng Kant iwwer di aner. Elo nach en Téiliichtchen dran, a scho gëtt Halloween e bësse manner däischter.

Um Enn nach de Klassiker fir Halloween: d’Kalbass mat grujeleger Schnuff

Et brauch een:

  • eng Kalbasse, am beschten eng orangëfaarweg
  • e Bläistëft
  • e Cutter
  • e Läffel

Iwwerleet fir t’éischt wéi d’Kalbass am Beschte läit, wou d’Gesiicht am Beschten drageschnëtzt gëtt. Zeechent da mam Bläistëft Aen, Mond an eventuell eng Nues op d’Kalbass. Huelt dann den deckel erof andeems der ganz virsiichteg aschneit. Dann d’Kalbass mat engem Läffel eidel maachen. Elo kann ee virsiichteg mat engem Messer oder enger Schéier d’Konture vun den Aen, Mond an Nues erausschneiden. Wann d’Kalbass ze haart ass fro w.e.g. en Erwuessene fir der ze hëllefen. Um Enn kënnt nach en Téiliicht dran, Deckel nees drop, an elo heescht et waarde bis et däischter gëtt. D’Halloween-Kalbass hält sech am Beschten dobaussen.