Mir brauchen:

  • Eidel Toiletterullen
  • Loftballon’en
  • Faarwege Pabeier, Blénkege Pabeier
  • Konfetti
  • Pech, Scotch, Schéier

Fir t’éischt schneide mer de Loftballon op, maachen e Knuet dran, an zéien di oppe Säit iwwer de Pabeierrouleau. Mat Scotch festpechen. Da schneide mer aus Pabeier oder vu Cadeausschnéier e puer Sträifen of a pechen déi ronderëm dat nämlecht Enn vun der Rull. Dono e Stéck Pabeier zouschneide fir d’Rull ze verkleeden. Vun der anerer Säit Konfetti an d’Rull fëllen (Konfetti kann een och aus faarwege Reschter Pabeier selwer fabrizéieren). Dann e Krees ausschneiden an doraus e spatzen Hittche bastelen, deen ee just liicht mat Scotch un der Rull festpecht. Ier een de Konfetti wëll “zünden” hëlt een den Hittchen erof, hält d’Rakéit mat der Ëffnung no uewen an zitt um Knuet vum Loftballon. Wann ee lassléisst flitt de Konfetti.