Fir e Kazoo brauche mir: En eidelen Toiletterullo, e Stéck Bakpabeier (+/- 15cm x 15 cm), e Lastik, e Cutter oder eng Schéier an eventuell e Bläistëft fir virzezeechnen. Als éischt musse mir e klengt Lach uewen an den Toiletterullo schneiden. Dofir kënne mir ee klenge „V“ opzeechnen. Mam Cutter schneide mir elo do wou de „V“ ass, Schlitzer a klappen de Kartong no bannen ëm. D’Form vum Lach ass egal. Dir kënnt also och e Lach dra picken oder mat enger Schéier ee klengt Lach dra schneiden.

Elo huele mir d’Stéck Bakpabeier a leeën et iwwer de Rullo (op där Säit vum Lach). Mam Lastik klemme mir de Bakpabeier fest. Mir kënnen och duerno nach e bëssi un den Enner vum Pabeier zéien fir en ze spanen. Elo de Mond un dat anert, oppent Enn vum Rullo drécken an da schwätzen oder sangen.

Quell: SCRIPT – mimamu