Fir dass d’Zäit bis Niklosdag net ze laang gët kënne mer bësse bastlen:

Fir de Kleesche mat sengem Ieselche brauche mer:

  • 5 eidel Rulle vun Toilettëpabeier
  • Eng Schéier
  • Bastelpech
  • Acrylfaarf a Pinsel
  • Bësse gro Woll

D’Toiletterull fir de Kapp vum Iesel sou aschneiden dass seng Schnuff ka gepecht ginn. Di aner Säit vun der Rull esou aschneiden dass de Kapp kann driwwergestach gi – wéi op der Foto ze gesinn. Den hënneschten Deel vun der “Kierperrull” och sou aschneiden dass een den ieweschten Deel kann ëmléhen a pechen. Dann zwee Ieselsouere rausschneiden, mam Cutter oder mat der Picknol uewen an de Kapp zwee Schlitzer maachen, d’Oueren drastiechen. Fir d’Been: zwou Sträife vun enger aner Toiletterull erofschneiden, ënner dem Kierper upechen, an ënnen sou formen dass den Iesel stoe bleift. Fir de Kleeschen eng Toiletterull als Kierper, bei där zweeter uewe spatz d’Form vun der Mitra ausschneiden, ënnen d’Form vum Gesiicht mam laange Baart drun, mat dësen zwee Schnëtt kann een de “Kapp” op d’Kierperrull setzen. Nach e Staf aus enger Rull ausschneiden, an da ka scho gemoolt ginn. Um Enn nach e puer Stecker Woll ronderëm zwee Fanger wéckelen, ofbannen, eng Säit opschneide fir de Schwanz vum Iesel, upechen. Dat nämmlecht fir d’Hoer um Ieselskapp, do di zwou Säiten opschneiden, tëschent den Oueren upechen.

An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember bréngt de Kleeschen vläicht e Cadeau. Oder e puer Schneekegkeeten op den Teller. Fir dass de Kleeschen och bësse Freed huet bastele mer e schéinen Teller, da weess den hellege Mann och wiem den Teller gehéiert den e fëllt.

Mir brauchen fir den Teller:

  • Modelléiermass di un der Loft dréchent ( an dësem Fall Fimo Basic Air)
  • Bakpabeier, eventuell Frëschhal-Folie
  • Eng Deegrull
  • E Messer
  • Eng ronn Form (z. Bsp. En Teller)
  • E Stéck renge Schläifpabeier
  • Eng Grondéierung
  • Faarwen (entweder Acryl an der Tüb oder Acrylstëfter)
  • Fixateur (z. Bsp. Mod Podge)

Fir t’éischt huele mer e gudde Grapp vun der Modelléiermass a knieden e gutt, da forme mer eng Bull doraus. Déi rulle mer mat der Deegrull ronn aus. Net ze dënn, soss kann den Teller dono räissen – sou ëm 5 Millimeter Deckt sinn ideal. Op dës ausgerullt Plack lee mer eis Form, a schneide ronderëm mam Messer den Teller aus. Dann de Rand vum Teller e bëssen eropdiebelen. Hei kann een eng Kéier mat engem Pinsel mat Waasser driwwerfueren an sou liicht Rëss oder kleng Fatze glat sträichen. Den Teller da 24 Stonnen un der Loft dréchne loossen(oder soulaang wéi de Fabrikant recommandéiert), eventuell eemol dréinen. Wann en dréchen ass kann een eventuell mam Schläifpabeier de Rand liicht schläifen. Dono kann een den Teller grondéieren, dann ass e méi liicht ze bemolen. Et kann ee mam Bläistëft virmolen, an da mat der Acrylfaarf ausmolen. Dréchne loossen, versigelen, an dann de 5. Dezember owes virum Schlofe goe bei d’Dier stellen.