Huelt e Blat Pabeier a faalt et eng Kéier an der Mëtt. Elo faalt dir déi zwou Hallschenten nach eemol an der Mëtt. Faalt d’Blat elo nees auserneen an dréck déi Hallschent uewen erof, sou dass se op der Falz am ënneschten Deel läit. Elo geet et un d’Zeechnen. Moolt op déi iewescht an ënnescht Hallschent den Ëmrëss vun engem Déier oder vun engem Kapp. De Mond soll dobäi ëmmer uewen an ënnen vun der Falz sinn. Da faalt dir dat Ganzt erëm auserneen. An lo kënnt dir e Mond molen, dee grouss opgerappt ass an de Rescht vum Déier. Klappt dat ganzt erëm zesumme wéi virdrun. Wann elo Leit, déi näischt dovu wëssen d’Blat ausernee falen, da kënne si sech gutt erschrecken…