An dëser Bastelaktivitéit léiert een, wéi een eng Pop-Up-Kaart selwer bastele kann.

Villäicht hutt dir schonn e Pop-Up-Buch doheem a wësst, datt de Wow-Effekt beim Opmaache garantéiert ass.

Iwwerrascht Leit mat der fäerdeger Kaart, geheit se an d’Bréifboîte oder verschéckt se per Post. Fir Ouschteren kann ee vläit eng Pop-Up-Kaart mat engem Jippelche bastelen.

Informatiounen fir d’Elteren :

  • Gebraucht gëtt faarwege Bastelpabeier (verschidde Faarwen), e schwaarzen Tuschbic, e Glas, eng Schéier a Pech.
  • Hei ass d’Gebrauchsuweisung.

Quell: SNJ www.kannerdoheem.lu