Mir brauchen:

  • En proppert Glas (Gebeess- oder Hunnegglas)
  • E Rescht Modelléiermass Kichelchersformen
  • Acrylfaarf
  • Téiliicht

D’Modelléiermass mëll knieden, ausrullen, sougrouss dass se ganz ëm d’Glas passt. Dann laanscht de Buedem dat wat ze vill ass ewechschneiden. Den ieweschte Rand kann een dekorativ ausschneiden. Elo d’Kichelchersformen op d’Glas drécken, a virsiichteg d’Modelléiermass eraushuelen. Wann déi muss un der Loft dréchne muss ee lo bësse waarden ier een se ka molen. Huet ee scho faarweg Knietmass (Z.Bsp. Fimo) kann een se lo an de Bakuewe stellen, soulaang an sou waarm wie um Pak dropsteet.(Onbedéngt Händchen undoe fir d’Glas dono erauszehuelen!) Um Enn kann d’Wandliicht nach gemoolt ginn, dann en Téiliichtchen dran, fäerdeg! Schéi Chrëschtdeeg!