Dee bastele mer selwer.

Mir brauchen:

  • Modelléiermass di un der Loft dréchent (z.Bsp. Fimo Air Basic)
  • Deegrull
  • Messer
  • Faarwen

En Deel vun der Modelléiermass mëll knieden, mat der Deegrull ausrullen, awer net ze dënn. Dann wéi ee wëllt eng Form ausschneiden, entweder e bësse mi grouss wéi d’Seef di ee wëll dropleeën, oder Dir kënnt är Hand als Form huelen: leet se flaach op d’Knietmass a fuert lues mam Messer d’Konturen no. Wann d’Form ausgeschnidden ass kënnt dermat naasse Fangeren d’Borde vun den Tellercher e bësse glat reiwen, an z. Bsp. liicht no uewe formen. Wann der zefridde sidd mat der Form loosst der se dréchnen. Dono kann se gemoolt ginn, och hei sinn der Phantasie keng Grenze gesat.