Dir wëllt eppes bastelen, worun dir laang Freed hutt? Da bastelt eng Schossel mat engem Ballon a Pabeier. Dofir braucht dir niewt engem Ballon a faarwegen Pabeierstécker och nach Pech, zwee Kartingstelleren, e Pinsel, eng Schéier an e Behälter an den dir de Ballon stelle kënnt, soulaang dir dorunner schafft.

Tippt Pech an e Kartongsteller a maacht Pabeierstécker an en aneren. Da bloost dir de Ballon op (awer net ze voll). De Ballon gëtt dann an de Pech geriwwen bis een Deel dovunner gutt domat bedeckt ass. Elo reiwt dir en dann an de Teller mat de Pabeierstécker, bis déi gutt upechen. Stellt de Ballon elo an ee Behälter, wou e stabil ass an dir gutt kennt dru schaffen. Pecht nach weider Pabeierstécker drop.

Je nodeems wéi zolidd d’Schossel soll ginn widderhuelt dir dee Virgank e puermol. Besonnesch déi éischt Schicht sollt een awer gutt dréchne loossen, ier een déi nächst drop mecht. Wann d’Schossel iech zolitt genuch ass, loosst de Ballon einfach platzen. D’Ränner vun der Schossel kënnt dir mat enger Schéier sou schneiden, wéi dir wëllt.

Mat dëser Technik kënnt dir ganz schéin an eenzegaarteg Schossele bastelen, déi dir natierlech och wonnerschéin dekoréiere kënnt.