Dee Silvester dee mir hei mengen huet weder mat der lëschteger Miezekatze, nach mam staarke Stallone ze doen, et geet ëm de Silvester-Dag. Dee gëtt mat i, an net mat y geschriwwen, a geet vill mi wäit zeréck op e Mann dee Silvester geheescht huet. Oder obmannst geet een dovun aus dass et sech hei em de Poopst Silvester den 1. handelt, deen ass den 31. Dezember 335 zu Roum gestuerwen, a gelt als Patréiner vun den Hausdéieren a soll eng räich Recolte an e gutt neit Joer bréngen. Dat ass obmannst d’Legend déi d’Kierch dësem Patréiner am Laf vun de Joerhonnerten ugedicht huet, an dofir ass den 31. Dezember den Dag vum Hellege Silvester. Mais stelle mer mol d’Fro firwat de leschten Dag vum Joer iwwerhaapt den 31. Dezember ass? Et kéint jo och reng theoretesch de 27. September sinn. Oder iergendeen aneren Dag? D’Erklärung heivu geet zeréck op d’Zäit vun de Réimer: am réimesche Räich gouf schonn ëmmer um Enn vum Joer e Fest gefeiert. Awer: d’Joer war net ëmmer 12 Méint laang – dat koum richt mat der Aféierung vun de Méint Juli – fir de Keeser Julius Cäsar- , an dem Mount August, richteg geroden, zu Éieren vum réimesche Keeser Augustus. Domat hat d’Joer dunn 12 Méint. Den Ufank vum Joer haten d’Réimer schonn 153 viru Christus vum 1. Mäerz op den 1. Januar virverluecht. Also war den 31. Dezember de leschten Dag vum Joer. Dofir feiere mer also an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar zu Éiere vum Hellege Silvester. Meeschtens mat Freedefeier, well dat vereent zwee Symboler: d’Feier an de Kaméidi. D’Feier ass zanterhier an der däischterer Joreszäit d’Bild vun der Hoffnung op nei Luucht an op Wäermt. De Kaméidi hunn d’Mënsche gär gemaach well se gegleeft hunn dass se domat di béis Geeschter kéinte verdreiwen. Bis haut si grouss a kleng faszinéiert vu Freedefeier. Et ass an de leschte Joren awer ëmmer mi dack gesot gi w.e.g. kee Freedefeier ofzeschéissen, well z. Bsp. eis Hausdéieren dee Kaméidi net verstinn a verschotert reagéieren. Oder aus ëmweltbedengte Grënn, well ganz vill Offall entsteet, a well een sech nawell zerguttstert ka wéi doe wann een net gutt oppasst. Oder eppes futti maache wann de Feierwierkskierper net flitt wou e soll. Trotzdeem kann ee mat Klengegkeeten d’Symboler vu Silvester erliewen: Späizmännercher ufänken, oder selwer eng Knalltuut bastelen. Dat geet zimmlech einfach.

Mir brauchen:

  • eng Papeierstuut (fir Schmieren)
  • e Chalumeau (alternativ di eidel Hüls vun engem ale Bic, oder e selwer gedréiten Réierchen aus Kartong)
  • bësse Konfetti fir dass et och schéin ausgesäit
  • Scotch oder e Stéck Schnouer

An d’Papeierstiitche fëlle mer Konfetti (wat méi, wat mer méi musse botzen dono ) Dann stieche mer de Chalumeau an d’Titchen a peche ronderëm gutt fest d’Tut zou. Wann et souwäit ass kënne mer duerch de Chalumeau d’Titchen opblosen, mat där enger Hand fest zouhalen an de Chalumeau erauszéien, a mat där anerer gutt fest dropschloen. Dat knuppt och :o) Vergiesst net iech an äre Léiwe lauter Guddes fir dat neit Joer ze wënschen.