Concerten fir e jonke Public hunn am kënschtleresche Programm zanter der Inauguratioun vun der Philharmonie e besonnesche Stellewäert an hiert präisgekréinte Jugendprogramm geet geheegt a gefleegt. Zäitlos an aktuell anengems sinn d’Themen an d’Medien genee op d’Bedürfnisser an d’Interessen vun der jeeweileger Altersgrupp ofgestëmmt a bidden an hirer Breet Weltendeckerinnen a Weltentdecker genuch Raum fir d’Identifikatioun, ganz onofhängeg vun hirer Mammesprooch. Wann d’Musek op aner Konschtformen trefft  – wéi Danz, Zirkus, Theater oder Video – entfaalt sech eng ganz eegen Dynamik a Poesie. Op där hier Kraaft setzen d’Offeren a besonneschem Mooss a maachen esou ëmmer erëm virwëtzeg op déi grenzelos Welt vun de Kläng, déi ee sech munchmol duerch d’Nolauschteren a munchmol duerch d’Matmaachen erschléisse kann.

Deemnächst um Programm vun der Philharmonie steet “Rondolino”, e musikaleschen an interaktive Spektakel fir Kanner vun 2 bis 4 Joerdat de 5. Juni um 10.30 an um 14.30 gewise gëtt an de 6. Juni um 10.30, 14.30 an 16.30. Et handelt sech ëm eng Produktioun vun der Philharmonie Luxembourg an Zesummenaarbecht mat dem “Musée Dräi Eechelen – forteressehistoireidentités”. “Les Cuivres fraudeurs” ass dann den Numm vun enger Produktioun vu Philharmonie Luxembourg, Bregenzer Festspiele, Lucerne Festival, KölnMusik a Jeunesse Wien fir Kanner vu 5 bis 9 Joer, mat Musek vu Bach, Bernstein, Cheetham, Debussy, Kabalevski a Porter. Sie geet de 5. Juni ëm 16.00 iwwer d’Bün

Informatiounen fir d’Elteren:

  • De Billjeesverkaf fir déi zwee Spektakelen fänkt den 25. Mee ëm 10.00 un. 
  • D’Plaz kascht 12 Euro fir Kanner an 18 Euro fir Erwuessener
  • Informatioun a Billetterie: 26322632. 
  • Méi zur Philharmonie: www.philharmonie.lu