D’Schof ass e festen Deel vun der traditioneller Landschaft am Norde vu Lëtzebuerg. Den Tourist Center “Robbesscheier” stellt dat Déier eng ganz Woch laang an de Mëttelpunkt, vum 21. bis den 29. Mee. Bei der Geleeënheet gëtt de Programm vun den Atelieren ëmgeännert, fir dëst erstaunlecht Déier an de Virdergrond ze stellen. Woll spannen, d’Schof an déi aner Déiere fidderen oder och Kichelcher mat Schof drop baken ginn ugebueden. Virun der Summerhëtzt ginn d’Schof vun der “Robbesscheier” och geschuer an d’Kanner kënnen des Technik mam Schéifer vum Tourist Center observéieren an him Froe stellen.

Méi Informatiounen

  • Den 28. Mee gi keng Schof geschuer. D’Aktivitéiten an Kader vun der Woch vum Schof a vun der Woll fänken all Dag ëm 10.00 un an dauere bis 16.30.
  • Adress vun der “Robbesscheier”: 1, Frummeschgaass, L-9766 Munshausen, Tel.: +352 92 17 45-1, Email: info@touristcenter.lu, Web: www.robbesscheier.lu