Entdeckt alles ronderëm d’Mëllech an d’Mëllechproduiten andeems Dir Iech duerch 45 interaktiv Statioune féiere loosst. Léiert och op eng spilleresch Aart a Weis méi iwwer d’Natur, de mënschleche Kierper an eis Gesondheet. En Erliefnes fir d’ganz Famill.

Nieft den interaktive Statioune an themateschen Departementer gëtt et hei och en 3D-Kino, eng Lounge a vill méi.

Informatioune fir Elteren: 

  • Adress: Luxlait Association Agricole, L-7759 Roost. Tel.: +352 25 02 80 222 
    E-Mail: info@vitarium.lu. Web:www.vitarium.lu 
  • Ëffnungszäiten: mëttwochs bis sonndes vun 9.00 bis 17.30. 
  • An de Vakanzen (ausser an der Summervakanz) ass vu méindes bis sonndes vun 9.00 bis 17.30 op, wa Feierdeeg sinn ass awer zou. 
  • D’Visiteuren musse sech virdrun umellen an zwar hei.