Den 11. an 12. September vun 10.00-18.00 dréint sech zu Veianen alles em Pabeier. An ënnerschiddlechen Workshops kënne Grouss a Kléng ganz an dës Welt andauchen an alles iwwer Hierstellung, Drocktechniken an den Recyclage vu Pabeier léieren. Och wäertvoll an antik Bicher kritt een hei ze kafen, vläicht fannt Dir hei jo ee besonnesche Band fir matheem ze huelen!

Informatiounen fir d’Visiteuren

  • 11.-12.09. 10h-18h zu Veianen am Schlass. Adress: Rue Gaessel 1, L-9408 Veianen.
  • Memberen vun den Amis du Château de Vianden, souwéi Kanner a Studenten bezuelen keng Entrée, Erwuessener a Senioren bezuelen 4€.
  • Dëst ass ee Covid-Check Event, Dir sidd also gebieden bei der Entrée ären Certificat virzeweisen (geimpft, getest oder no enger Infektioun erëm gesond). Schnelltester sinn och am Schlass selwer méiglech. Am Schlass selwer muss da keng Mask méi gedroen ginn an och d’Distanz muss net méi agehale ginn. Well et ee Covid-Check Event ass, ass eng Reservatioun noutwendeg. Riicht Iech dofir un: Castle Vianden, Tel: 8341081, E-Mail: info@castle-vianden.lu. Bei weidere Froen, besicht d’Internetsäit www.castle-vianden.lu .