Kennt dir dat klengsten Duerf vu Lëtzebuerg? Et heescht Randschelt a läit an der Gemeng Wahl am Norde vum Land. Do ass just eng Persoun ugemellt! An trotzdem gëtt et hei immens vill ze entdecken: eng Uergel am Bësch, eng Kierch, wéi et se soss neierens gëtt, e Bistrot an enger aler Schoul, déi emol e Schwéngsstall war an esou guer e Musée, wou dir ënner anerem kucke kënnt, wéi eng Schoulklass virun 100 Joer ausgesinn huet.   

D’Musée Thillenvogtei Randschelt asbl huet iwwer d’Joren aus dem fréiere Bauerenhaff “An Hoppsch” e Musée gemaach, wou ee kann entdecken, wéi d’Leit ronderëm d’Joer 1900 gelieft hunn. Dofir hu si vill Saachen aus der Zäit zesumme gedroen. Geschier, Miwwel, an esouguer Kleeder. An der Thillenvogtei gouf esouguer eng ganz Schoulklass vun deemools nogebaut. Hei kënnt dir iech souguer an d’Bänke setzen a kucken, wéi d’Kanner viru méi wéi honnert Joer an hirer Klass souzen. Mais d’Thillenvogtei ass méi wéi e Musée: hei ginn Aktivitéiten ugebueden, dovunner ee groussen Deel ronderëm d’Bauereliewen ëm d’Joer 1900. 

Direkt nieft dem Bauerenhaff gëtt et de Klenge Randschelter Bistro MiRo. An dem Gebai war fréier emol eng Schoul dran, déi eng Zäitlaang souguer als… Schwéngsstall genotzt gouf. An net wäit am Bësch fënns du e Meditatiounswee, zu dem souguer eng Uergel gehéiert…  

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Wou fannen ech Randschelt? Randschelt läit an der Gemeng Wahl. Wou fannen ech weider Informatiounen iwwer Randschelt an iwwer de Musée? Hei: www.thillenvogtei.lu, www.rindschleiden.lu 
  • Wéi laang ass de Meditatiounswee? Ronn 1,5 Kilometer. Et gi méi Plazen, wou ee ka raschten an eng Rei vun Aktivitéiten fir ze ënnerhuelen. 
  • Wéi laang Zäit brauch een? Zu Randschelt kann een e ganzen Dag verbréngen, wann een de Musée besicht a ronderëm trëppele geet.