Tëschent dem Enn vum 18. Joerhonnert a Mëtt den 1980er Joren war Maartel eng wichteg Plaz fir den Ofbau vu Schifer virun allem fir d’Hierstellung vun Dachleeën. Nom Enn vun der Zäit hu sech Leit aus der Géigend an doriwwer eraus dofir staark gemaach, dësen industriellen Ierwen ze erhalen. D’”Frënn vun der Lee asbl” hu sou zesumme mam Staat an der Gemeng säit Ufank vun den 1990er Joren hei e Schifermusée opgebaut an dofir gesuergt, dass een d’Schiferminn weider besiche kann. Op der Plaz entdeckt een alles, wat mat Schifer ze dinn huet. Doriwwer eraus bitt de Site eng Rei vu Workshops, speziell och fir Kanner. Am August 2021 soll iwwregens eng nei Galerie opgoen, déi ee besiche kann. D’Saison geet den 1. Abrëll un.
Informatiounen fir d’Elteren:
- D’Adress vum Schifermusée ass déi heiten: Maison 3, L-8823 Haut-Martelange. Tel.: +352 23 64 01 41. E-Mail:info@ardoise.lu. Web: www.ardoise.lu.
- Fest Schong an eng waarm Jackett gi recommandéiert, zemools wann een an d’Minn erof geet, bis op 15 Meter ënnert dem Buedem. D’Temperatur do ass iwwer d’ganzt Joer konstant bei 9 Grad.
- An der Vakanz ginn et Workshoppen fir Gravur a Stenciling op Schifer.
- Et gëtt eng speziell Offer fir Gebuertsdag am Schifermusée ze feieren.
- Et kann een awer och eng Familljeféierung buchen, a mam “Schuppi” Detektiv spillen. De “Schuppi” ass de Maskottchen vum Schifermusée.