Wann Dir wësse wëllt, wéi fréier Eisenäerz an enger Minn ofgebaut gouf, dann ass eng Visitt an Nationale Grouwemusée genee dat Richtegt.  Et ass zu Rëmeleng an déi fréier “Walert”-Minn, wou tëscht 1891 a 1963 Äerz ofgebaut gouf, ass den Haaptdeel dovun. 70 Meter ënner der Äerduewerfläch kann een hei nach gesinn, wéi schwéier a geféierlech déi Aarbecht war. E klengen Zuch féiert d’Visiteuren duerch de ronn 3 Kilometer laangen Haptstollen, e fiert awer och e Stéck duerch déi fréier oppe Minne ronderëm, déi d’Natur lues a lues zréckeruewert. Hei sinn och eng Rëtsch flott Wanderweeër a Mountainbike-Strecken ugeluecht ginn.

Ronderëm d’Entrée an de Stollen fannt Dir al Maschinnen an Aarbechtsgeräter, déi beim Äerzofbau agesat goufen. En Deel vum Geschier ass am Musée ausgestallt. Virun der Minn gëtt et och e Restaurant mat Terrass an d’Spillplaz “Adventure Mine”.

An der Saison, dat heescht vun Ufanks Mee bis Mëtt September fiert all éischten an drëtte Sonndeg de Lëtzebuerger Dampbunnclub” mat hirer 5-Zoll- Bunn op der grousser Kannerspillplaz virun dem Grouwemusée.

Informatioune fir d’Elteren:  

  • Adress: Carreau de la Mine Walert, Rue de la Bruyère, L-3714 Rëmeleng, Tel:  (+352) 56 56 88 E-Mail:info@mnm.lu, Web: www.mnm.lu
  • Fir Gruppeféierungen ab 16 Persounen ass de Musée dat ganz Joer iwwer ausschliisslech op Rendezvous op. Fir Eenzelpersounen oder Familljen ass e vun donneschdes bis sonndes vu 14.00 bis 18.00 an de Méint Abrëll, Mee, Juni a September op an dënschdes bis sonndes vu 14.00 bis 18.00 an de Méint Juli an August. An de Méint Oktober bis Mäerz ass et ëmmer just all zweete Sonndeg am Mount op.   
  • De Musée proposéiert och eng Interaktiv Visitte fir Kanner am Alter tëschent 6 a 14 Joer. E Guide geet mat de Kanner zu Fouss an duerch den Haaptstollen an d’Galerie vum Biergwierk eran. Do huelen d’Kanner d’Roll vun engem Mineur an: Si erliewen eng nogestallte Sprengung, revidéieren de Stollendaach, si klappe selwer e bësschen Eisenäerz. Als Belounung kréien d‘Kanner um Schluss e klenge Cadeau. Interaktiv Visitte sinn a Gruppe vu maximal 18 Kanner an 2 Begleeder vun Dënschdes bis Sonndes tëschen 8.30 an 16.00 méiglech. 
  • D’Reservéierunge kënnen iwwer d’Websäit www.mnm.lu/informations gemaach ginn. Hei fënnt een och vill Informatiounen iwwer d’Geschicht vun der Minn, de Musée an de Biergbau allgemeng.   
  • Et gëtt recommandéiert, reegelméisseg op der Säit www.mnm.lu nozekucken, well d’Covid-19-Reegelungen kënnen Ännerungen mat sech bréngen.