D’Geheimnisser vun de Walen, den Dinosaurier an de Flantermais, Bommen aus dem Weltall, mysteriéis Fossilien, Andauchen an dat Allerklengst… De Science Festival vum 11. bis de 14. November 2021 bitt e super interessante Programm fir jiddereen am Centre Culturel de Rencontre Abbayse de Neumunster an der Stad. Iwwer 40 Atelieren waarden op Iech! Opgepasst: den 11. an den 12. November ass de Programm fir Schoulklasse reservéiert an den 13. a 14. November op Reservatioun fir de grousse Publikum.

Zousätzlech Informatiounen

  • Interesséierter kënne sech vun elo un aschreiwen.
  • Et muss een tëschent den Atelieren Moies (9.00-13.30) a Mëttes (14.30-19.00) wielen.
  • D’Aschreiwung geet just iwwer www.science-festival.lu.
  • D’Participatioun un den Atelieren ass gratis, mee fir verschidde Spektakelen gëtt Entrée gefrot (5 Euro/Persoun).
  • Eng kleng Restauratioun gëtt assuréiert vu Foodtrucks op der Plaz vum Festival a vun der Brasserie Koloquio.
  • De Science Festival fënnt ënner dem CovidCheck-Regime statt.