Sécher ass Iech dat och scho virkomm: Dir stitt virun enger Ruin a wëllt ganz gäre méi doriwwer wëssen – ouni vir d’Éischt grouss Recherchen doriwwer maachen ze mussen. Wann Dir e Smartphone hutt, ass dat elo op ville Plazen zu Lëtzebuerg awer och a Rheinland-Pfalz mat der ARGO-App méiglech. Entwéckelt gouf si am Kader vum Projet “Antike Realität – mobil erleben” (AR-MOB), engem transnationalen EU-LEADER-Projet fir d’Fërderung vum ländleche Raum vun der Groussregioun Eifel-Mosel-Hunsrück. D’Uni Tréier huet de Projet geleet.

D’Iddi vum Projet ass et, antik Monumenter duerch Augmented Reality, also um Computer erstallte Modeller, an der Realitéit op engem Smartphone oder engem Tablet uweisen ze loossen an esou fir Visiteuren gräifbar ze maachen, obwuel et déi Monumenter säit Joerhonnerten net méi gëtt. Wann Dir also mat der ARGO-App verschidde Ruinen ukuckt, da gesitt Dir, wéi d’Gebaier deemools héchstwarscheinlech ausgesinn hunn. Déi digital Modeller si geméiss de rezentsten wëssenschaftlechen Erkenntnisser gebaut ginn.

Sou kritt een en eenzegaartegen Androck, wéi Monumenter aus der Steenzäit, réimesch Villen oder mëttelalterlech Festungen fréier geglänzt hunn. D’App liwwert natierlech och Erklärungen zu de Monumenter an e Glossaire mat archeologesche Begrëffer. Speziell fir Kanner gëtt eng Visitt vun historesche Plazen mat ARGO zu engem besonnesch flotten Geschichtsunterrecht. Déi Beispiller, déi hei gewise ginn stamen vun Duelem, wou fréier de réimesche Vicus Ricciacus stoung, op enger wichteger Handelsplaz un der Strooss vu Metz op Tréier. Hei gouf et souguer en Theater vun dem d’Iwwerreschter och haut nach kënne besichtegt ginn.

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’App gëtt et fir Android an iOS. Si ka gratis erofgelueden a benotzt ginn.
  • Op der Websäit www.ar-route.eu fënnt ee méi Informatiounen zum Projet an eng Iwwersiischtskaart vun de vun de Plazen, déi bis elo modeliséiert goufen.
  • Méi iwwer d’réimescht Liewen zu Duelem gëtt et hei: www.ricciacus.lu