Op Däitsch heesche se Windspiel – dat sinn déi flott Klang-Mobiléeën, déi esou schéin Téin vu séch ginn, wa se an der Loft widderenee stoussen. An dësem flotten Atelier vum Lëtzebuerg City Museum léiers du, wéi een esou e Wandspill aus Blumendëppen a Bambus selwer ka bastelen.
Mei Infos:
- Wéini: den 22. Juli op Lëtzebuergesch, den 19. August op Englésch an den 2. Septemberop Franséisch.
- All Kéier tëscht 14 a 16 Auer
- Vun 8 Joer un
Umeldung:
- 4796 4500 oder visites@2musees.vdl.lu