Am Luxembourg Science Center zu Déifferdeng ass dat elo méiglech. Ënnert der klenger, sechs Meter breeder Kuppel matzen am Wëssenschaftszenter verstoppt sech dat eenzegt Planetarium vu Lëtzebuerg – wéi en Iglu e bëssen abseits vun deenen aneren Attraktiounen. Hei fanne bis zu 30 Visiteure Plaz, opgrond vun der Pandemie momentan awer just knapp d’Hallschent. Gewiuse ginn Opname vu Planéiten, Stären a Stärekonstellatiounen – an dat net just aus der Distanz. Well duerch d’Vergréisserung kann ee méi no un eenzel Elementer eruzoomen a kritt sou méi genee Ablécker an d’Welt vun de Planéiten an de Galaxien wäit ewech. An enger Show, déi ronn eng Stonn dauert, ginn d’Visiteuren duerch de Stärenhimmel gefouert a erroden d’Stärekonstellatiounen – e mysteriéist Chaos aus wäisse Punkten, dat sech eréischt no an no opléist. Et daucht een an a Galaxien wéi d’Mëllechstrooss a kann d’Stärebiller erkennen: Groussen a klenge Won, d’Zwillingen…

„Eis Virfaren hätten nach vill méi gesinn, hinne war schonn opgefall, dass de Stärenhimmel. Sech beweegt….  Wa mir vu Stäre schwätze, kucke mir an d’Vergaangenheet“, erkläert de Julien Laigle, dee sech selwer als „Hobby-Astronom“ bezeechent, awer e puer vun de Showen moderéiert a seng Passioun fir d’Astronomie un d’Visiteure flott weider gëtt. „Wann d’Gasen all verbrannt sinn, verbrennen d’Stären, da gëtt et eng riseg Explosioun. De Julien weist op den Orion, den ee grad gutt gesäit, oder op de Sirius, den hellste Stär, dee mir vun der Äerd aus erkennen. Dertëschent gesäit ee Planéiten wéi Mars, Jupiter oder Venus.

D’Anlag am Déifferdenger Wëssenschaftszentrum huet en digitale Projekter, den Opnamen an héichopléisender 4K-Qualitéit op d’Fläch vun der Kuppel projezéiert. Fir d’Show setzen sech d’Visiteuren op faarweg Sëtzkëssen, kucken no uewen an erblécksen esou d‘360-Grad-Biller aus dem Weltraum. Sou kënnen och Familljen a Kanner duerch d’Galaxie reesen an onsen Stäresystem erfuerschen. Ugebuede ginn d’Virstellungen all Dag a véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch). D’Zil vum Luxembourg Science Center zu Déifferdeng ass et, Wëssenschaft an Technik op eng spilleresch Aart a Weis méi no ze bréngen. Nieft dem Planetarium lackelen iwwer 80 Experimentéierstatiounen. Dobäi kommen eng Rëscht Virféierungen a Workshops.

Weider Informatiounen 

  • De Luxembourg Science Center ass all Dag vun 9h bis 17h op an de Weekend vun 10h bis 18h.
  • D’Umeldung fir d’Showen ass iwwer den Internet méiglech.