Dëst Joer organiséieren d’Frënn vun der Lee erëm hiren traditionelle Chrëschtmaart de 26. a 27. November, an Zësummenaarbecht mat der Gemeng Rammerech an dem Musée vun der Lee. Hei fannt Dir eenzegaarteg an handgemaachte Wueren, Kaddoen an Dekoartikel fir d’Wanter- a Chrëschtdagszäit. Dat Ganzt fënnt an enger wonnerschéiner, festlecher Atmosphär statt, déi duerch déi traditionell Holzchaleten a Liichterketten an duerch déi verschidde musikalesch Ensembelen ënnerstëtzt ginn.

Weider Informatiounen

  • Adress: Musée de l’Ardoise, Entrée principale, Haut-Martelange, 8832 Martelange, Luxembourg
  • Den Entrée ass gratis.
  • De Chrëschtmaart mécht de 26. November um 19.00 op an de 27. November um 23.00 erëm zou.
  • D’Veranstaltung ass e Covid-Check-Event.
  • Méi Informatiounen: www.ardoise.lu