De Minett Park am Fond-de-Gras zu Déifferdeng empfänkt Iech vum 1. Mee um 11.00 un erëm fir eng nei Saison mat villen Evenementer ! Fir en Optakt vun der Saison ze feieren, profitéiert vun engem flotte Programm mat enger Promenade a Begleedung vun der Erzielerin Melissa, déi iech mathëlt an aussergewéinlech Geschichten iwwer d’Natur (Aschreiwung néideg). Et ass och d’Geleeënheet, fir den impressionnante Projet „Mär schmelzen“ ze entdecken. Dës Wierker aus der Kollektioun Steel Industry vum Kënschtler Jacques Schneider, sinn op grousse Baatsche gedréckt an dekoréieren den Hall Paul Wurth. Selbstverständlech huelen déi impressionnant Lokomotiven vum Train 1900 d’Visiteure mat op en Tour duerch d’Natur. An d’Minièresbunn proposéiert dräi Departen: 15.00, 16.00 a 17.00 fir eng beandrockend Rees an d’Häerz vun der Minn.
Méi Informatiounen
- Dir fannt all Detailer op minettpark.lu