Den 12. September mécht den Naturmusée an der Stad Lëtzebuerg seng Dieren op fir all Fan vun der Natur. Bei méi wéi 20 Animatiouns– an Infostänn ass fir jiddereen eppes dobäi. Loosst Iech faszinéieren vun den Themen Natur a Wëssenschaft, Visitte vun de Laboen a Sammlungen, Bastelateliere mat Naturmaterialien a Spiller. Verbréngt ee schéinen a léierräichen Nomëtteg am Naturmusée!

Informatiounen fir d’Visitt:

  • 12.09. vu 14.00-18.00.
  • Adress: 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg.
  • D’Entrée ass gratis.
  • Reservatiounen sinn fir dëst Event obligatoresch. Dir kënnt Iech dofir hei aschreiwen.
  • D’Fest ass ee CovidCheck-Event, Dir sidd also gebieden an der Entrée Äre Certificat virzeweisen (geimpft, getest oder no enger Infektioun rëm gesond). Schnelltester sinn och op der Platz méiglech, hei musst Dir awer eng zousätzlech 20 Minutten Waardezäit aplangen.
  • Bei weidere Froen, riicht Iech un: +352 46 22 33-1 oder musee-info@mnhn.lu.