Eng Konschtausstellung emol aus enger ganz neier Perspektiv gesinn: dat kënnen d’Visiteuren an der Villa Vauban probéieren. Hei geet et net just drëm, d’Wierker ze kucken, mee d’Kanner sollen hir Opmierksamkeet op kleng Detailer riichten. Zesumme mat engem Mediateur oder enger Mediatrice ginn d’Kanner duerch d’Expositioun vum Misch Da Leiden. Hei siche si no Indizien a ginn esou zu richtegen Detektiven.

Méi Informatiounen

  • Den 23. Abrëll 2022 um 14.00. Adress: Villa Vauban 18, avenue Emile Reuter L-2420 Lëtzebuerg.
  • D’Visitt dauert ongeféier 1 Stonn an ass op Englesch. Fir Kanner vu 5 bis 11 Joer.
  • Den Entrée ass gratis fir Kanner, Erwuessener bezuele 5 Euro.
  • Fir ze reservéieren, kontaktéiert d’Villa Vauben per Telefon: +352 47 96 49 00 oder per Mail: visites@2musees.vdl.lu.
  • Weider Informatioune fannt Dir hei.