Den Dag vun der Sensibiliséierung an der Promotioun vun de Kannerrechter (d’„Kannerrechtsfest“) fënnt de 25. September am „Parc Merveilleux“ zu Beetebuerg statt. D’Editioun 2022 stellt Artikel 9 vun der Internationaler Konventioun vun de Kannerrechter an de Mëttelpunkt, no deem all Kand e Recht drop huet, mat sengen zwee Elterendeeler ze liewen. Um Programm stinn Animatioune fir Grouss a Kleng, Informatioun an Diskussioun.

Weider Informatiounen

  • De „Parc Merveilleux“ geet de 25. September um 9.30 op.
  • Um 10.45 start de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, den Dialog fir den Aktiounsplang 2022-2026.
  • Den detailléierte Programm gëtt et hei.