Bei der “City Promenade for Kids” huelen de Grof Siegfried an d’Nix Melusina iech mat op eng spannend Entdeckungstour duerch d’Haaptstad, déi wäit iwwer 1.000 Joer al ass, wëll si ass schonn 963 gegrënnt ginn. D’Stadgrënnung ass mat enger So verbonnen, no der de Grof Siegfried sech an e wonnerschéint Meedchen verléift huet an hat bestuede wollt.

An d’Melusina huet Jo gesot – ënnert der Konditioun dass si all Samschdes am Mount fräi konnt hunn. Mee de Siegfried wollt onbedéngt wëssen, firwat dass dat esou huet misse sinn an ass der Melusina enges Owes bis an d’Kasematten um “Bock” nogaangen. An dunn huet hien gesinn, wéi sech déi ënnescht Hallschent vum Melusina an ee Fëschschwanz verwandelt huet, dee si am Verbuergene gewäsch huet.

Mee wéi d’Melusina gemierkt huet, dass de Siegfried säi Versprieche gebrach an hat verfollegt huet, ass d’Nix an d’Uelzecht gesprongen an ass ni méi bei de Grof zréckkomm. Dës an aner spannend Geschichten gitt dir um Tour vun der Place Guillaume II bis op de Fëschmaart gewuer. Et gëtt eelef Statiounen, dorënner de groussherzogleche “Palais”, d’Place Clairefontaine an natierlech de Bockfiels. Bei all Statioun kréien d’Kanner eng Fro gestallt. Wien se richteg beäntwert, huet um Schluss ee Code, fir den Tresor am “Luxembourg City Tourist Office” ze knacken, wou et e flotte Kaddo gëtt.

Informatioune fir d’Elteren:

  • Den Tour ass fir Kanner ab 6 Joer. En dauert ronn 2 Stonnen.
  • D’Eenzelpräisser sinn: 14 Euro fir Persounen ab 12 Joer, 12 Euro fir Kanner vu 4 bis 12 Joer, 7 Euro fir Studenten a Senioren. Kanner ënner 4 Joer kënne Gratis deelhuelen. De Gruppentarif mat perséinlechem Guide läit bäi 110 Euro.
  • Bucht den Tour online hei.
  • Nom Rondgang kann een nach op déi flott Abenteuerspillplaz am Stater Park goen, wou een an engem risege Pirateschëff ka spillen.