Am Schifermusée zu Uewermaartel kann ee vill iwwert d’Geschicht vun der Schiferindustrie zu Lëtzebuerg léieren. Hei kann een de faszinéierende Prozess vum Ofbau bis hin zum fäerdege Produit entdecken. Niewent flotte Visitte kann een och ëmmer erëm un interessante Workshops deelhuelen.

An dëser Saison ass et och méiglech déi nei Minn fir d’Visiteuren ze besichen, déi schonn säit 2019 preparéiert gëtt. Hei kann een op bis zu 42 Meter déif an de Buedem goen, en eenzegaartegt Erliefnis. Eng Visitt am Schifermusée ass wéi eng spannend Zäitrees an d’20. Joerhonnert, déi Grouss a Kleng begeeschtere kann.

Méi Informatiounen

  • Ab dem 1. Abrëll 2022 ass de Musée Samschdes vun 14.00 bis 18.00 op a Sonndes vun 10.00 bis 18.00.
  • All Sonndeg um 15.00 ass eng guidéiert Visitt, hei soll een am beschte reservéieren. Och kuerz Visitte vun den ënnerierdesche Minnen ass méiglech.
  • Adress & Kontakt: Entrée principale L-8823 Uewermaartel ; Telefon: +352 23 64 01 41 ; Mail: info@ardoise.lu.
  • Den Entrée fir op den Terrain ass gratis an de “Bopebistro” ass ab dem 1. Mee 2022 nees op.
  • Déi individuell Visitte kaschten 10 Euro fir d’Erwuessener, fir d’Senioren (> 65 Joer) an d’Student*innen (18-26 Joer) kascht et 8 Euro, fir Jugendlecher (12-18 Joer) kascht et 6 Euro a Kanner (4-12 Joer) bezuele 4 Euro. D’Präisser wann een als Grupp geet a fir d’Workshops fannt Dir hei.
  • Umeldunge fir Workshops oder Visitte kënnen hei gemaach ginn.
  • Weider Informatiounen zum Musée fannt Dir hei.