D’Familljeveranstaltung stellt den Know-how vun de Schofsziichter an de mat der Wollveraarbechtung verbonnenen Handwierker an de Virdergrond. Verschidde Veräiner schaffen bei der Organisatioun vum Dag zesummen: D’„Lëtzebuerger Schéiffergenossenschaft“ mam Naturpark Our, den Tourist Center vu Klierf an d’Fanfare Ste Cécile Hengescht. D’Produzente an déi lokal a regional Handwierker stellen hier komplett Palette vu Produiten aus Fleesch, Woll a Schofsmëllech vir.

D’„Lëtzebuerger Schéiffergenossenschaft“ organiséiert ausserdeem e Concours fir Texel-Schof a verschidden Experten féieren d’Spannen a Wiewe vu Woll vir. Natierlech steet och déi lokal Gastronomie am Mëttelpunkt a fir Animatioune fir Grouss a Kleng ass gesuergt.

Weider Informatiounen

  • D’Adress vum Dag ass de Cornelyshaff, 83, Haaptstrooss, L-9753 Heinerscheid – www.cornelyshaff.lu