Den 20. November um 10.00 invitéiert den Trifolion zu Iechternach op ee besonnesch “coole” Workshop. Well hei geet et drëms, an d’Welt vu Schnéi an Äis anzedauchen. Dat maachen d’Participante zesumme mam klengen Äisbier. Wéi entsteet eigentlech Schnéi? D’Participante kucke sech d’Äiskristaller ënnert der Lupp un. Si léieren awer och, wéi een déi faszinéierend Kristaller selwer hierstelle kann, déi si dono mat Heem huelen.  

Weider Informatiounen

  • Adress: Trifolion Echternach a.s.b.l. 2, Porte Saint Willibrord L-6486 Echternach. Telefon: +352 26 72 39-1
  • Den Entrée fir de Workshop ass fräi, Billjeeë kann een hei bestellen.  
  • De Workshop ass op Lëtzebuergesch, dauert ronn 90 Minutten an ass fir Kanner vu 7 bis 9 Joer geduecht.