Schonn Enn 2020 huet d’a.s.b.l. Mamie et moi den Opruff gemaach fir kleng gestreckte Carréen aus faarweger Woll ze kréien, mam Plang aus all dene Véierecker den Tableau “La petite histoire” vum Lëtzebuerger Moler Corneille Lentz domat “zesummenzepuzzelen” – oder ze pixelen. Dat ongewéinlecht Wierk aus Wollquadrater ass 1,5 op 2 Meter grouss ginn, besteet aus 1218 Quadrater vu 5 op5 cm, an ass nach bis Enn Dezember elo op Tournée duerch d’Land. Elo am November ass et an der Duchfabréck zu Esch/Sauer ze gesinn. Dofir bitt d’Duchfabréck och nach de Sonndeg, 21. November e Workshop “Pixelkunst entdecken” un. Eng Ambassadrice vum Veräin Mamie et moi weist jonke Konschtbegeeschterten op eng kreativ a spilleresch Aart wat ee mat dëser Pixelléierungstechnik ka maachen. Bannent enger Stonn kënne Jonker vu 7 Joer un deemno aus gestréckte Quadrater en Pixelkonschtwierk schafen.

Informatiounen: