Mythen dréien ëm d’Geschicht vun der Abtei Neimënster, eng vun de wichtegsten historesche Stätten vun der Stad Lëtzebuerg. Dat historescht Benediktinerklouschter am Gronn virun der molerescher Kuliss vum Bockfiels an de Kasematten huet fréier als Militärspidol a Prisong gedéngt… Haut invitéiert et als gréisste Centre de Rencontres vun der Stad dat ganzt Joer iwwer mat Ausstellunge, Konferenzen, Concerten, Festivallen, Danz- an Theatervirstellungen Kanner, Jugendlecher an Erwuessener aus alle Kulturkreesser an de Gronn. Ausgruewungen um Areal beleeën, dass et schonn am 12. an am 13. Joerhonnert besidelt war an Handwierker hei geschafft hunn. D’Hütten aus Holz aus der zweeter Hallschent vum 14. Oder vum Ufank vum 15. Joerhonnert sinn iergendwann duerch Atelieren aus Steng ersat ginn. Am 17. Joerhonnert gouf et um lénke Bord vun der Uelzecht, vis-à-vis vun der Kierch, eng Gierwergemeinschaft.

Nodeems déi al Benediktinerabtei wärend der Kricher tëschent dem Kinnekräich Frankräich an dem Hellege Réimesche Räich vun den Truppen vum Kinnek François 1er vu Frankräich zerstéiert gouf, déi d’Stad Lëtzebuerg den 11. September 1543 besat haten, hunn d’Benediktiner 1606 hir nei Abteikierch an d’Gebaier ronderëm am Gronn opgeriicht. Dohinner sinn och d’Schanken vum béimesche Kinnek Jang vu Lëtzebuerg aus Almënster iwwerfouert ginn. 1684, wou d’Truppe vum franséische Kinnek Louis XIV. Lëtzebuerg belagert a beschoss hunn, gouf d’Benediktinerabtei op en Neits schwéier beschiedegt. Wéi all aner Kléischter gouf och d’Abtei Neimënster 1796 duerch déi franséisch Revolutiounstruppen sekulariséiert. Vun 1815 un huet déi zum Klouschter gehéiereg Kierch Saint Jean den Truppe vum Däitsche Bond bis 1867 als Militärspidol gedéngt.

Nom Ofzuch vun den Truppen vum Däitsche Bond 1867 gouf d’Abtei no der Iwwernam duerch de Lëtzebuerger Staat bis 1980 als Männerprisong genotzt. No ëmfangräichen Restauréierungsaarbechten gouf déi ganz Anlag soziokulturellen Zwecker zougefouert. Haut ass an den historesche Maueren dat gréisste Kulturzentrum vun der Haaptstad.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Adress: Neimënster – Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, 28, rue Münster, L-2160 Luxembourg-Grund. Tél.: +352 26 20 52 – 1  (Accueil). E-mail: contact@neimenster.lu; Web  : www.neimenster.lu. Wann ee mam Auto kënnt, soll een d’Parkplazen an der Uewerstad oder de Parking “Brasserie” an de Rives de Clausen ze notzen. 
  • Vum Plateau “Saint-Esprit” féiert e Lift an de Gronn. Wann dir aus dem Lift erauskommt, gitt iwwer déi kleng Bréck iwwer d’Uelzecht an dann direkt lénks a Richtung neimënster. Vum Parkhaus “Brasserie” zu Clausen geet et iwwer d’Foussgängerbréck op neimënster. Wann der mam Zuch kommt, huelt op der Gare d’Buslinn 23 a klammt um Arrêt “Stadgronn-Bréck” eraus.
  • Bei D’Abtei kënnt een och mat de Linnen 14 an 20. Ëffnungszäiten: neimënster (Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster) ass vu méindes bis sonndes vun 10.00 bis 18.00 op.