De Mupp ass an den Ëmfroen ëmmer op der éischter Plaz vun eise Liblingshausdéieren. Mir deelen eist Liewen schonn zanter laanger Zäit mat den Hënn. An der Geschicht, sinn d’Muppen awer och dofir bekannt, dass se Palaisen a Schlässer bewaacht hunn. Am Musée um Fëschmaart begéint dir awer engem ganz spezielle Mupp. Hie bewaacht d’Konschtwierker am Musée. Fréier huet des däitsch Dogge sengem Meeschter, dem Prënz Mansfeld, seng Konschtwierker bewaacht…

Während dësem flotten Atelier bastelt dir aus Stoff ären eegenen Wachhond fir dono mat heem ze huelen a mat him ze schmusen.

Méi Informatiounen: