De Musée MNHA huet 2 Bichelcher fir de jonke Public entwéckelt, mat deenen d’Kanner Parcoursen duerch de Musée maache kënnen an esou d’Expositiounen op eng nei Aart a Weis entdecke kënnen. Dat éischt Bichelchen ass den “Luxembourg for kids”, dee fir Kanner ab 6 Joer entwéckelt gouf an hinnen déi ënnerschiddlech Epochen an der Geschicht vu Lëtzebuerg weise soll. An engem Parcours mat 12 Statiounen ginn d’Kanner duerch d’Kollektioune vum Musée geleet, wou och Aktivitéiten proposéiert ginn. De Guide ass de Wulles, e witzegt Maskottchen. Da zweet Bichelchen ass de “Rallye découverte”, gemaach fir Kanner ab 10 Joer. Mat cleverem Nodenken a Wëssen ginn d’Kanner duerch de ganze Musée an entdecken vill verschidden Expositiounen aus der Archeologie, der Numismatik an der Konscht.

Méi Informatiounen

  • Adress & Kontakt: Musée National d’Histoire et d’Art, Marché-aux-Poissons L-2345 Lëtzebuerg ; Telefon: +352 47 93 30 1 ; Mail: musee@mnha.etat.lu.
  • D’Bichelcher kann een um Site vum MNHA eroflueden. Hei fannt Dir och weider Informatiounen.
  • D’Entrée fir déi permanent Expo ass gratis. Fir déi temporär Expositiounen bezuelen Erwuessener 7 Euro, Familjen (2 Erwuessener an 2 Kanner) bezuelen 10 Euro, fir Student*innen, Visiteuren ënner 26 Joer an “Amis des musées” ass et gratis.