De Fond-de-Gras war fréier ee vun de bedeitendsten Biergbauuzentren vu Lëtzebuerg. Den Eisenäerzofbau ass allerdéngs am Joer 1955 gestoppt ginn. 1964 huet en Äerdrutsch definitiv d’Enn vun den Eisebunnsaktivitéiten op der Streck Fond-de-Gras-Péiteng besigelt. E puer Joer méi spéit hu sech Fräiwëlleger verflicht, en Touristenzuch mat historeschen Damplokomotiven ze bedreiwen. Déi éischt Faart war 1973. E puer Joer dono ass eng al Minn nees opgaang a kann zanterhier mat der “Minièresbunn” besichtegt ginn.
Haut bitt de Fräiliichtmusée Minett Park Fond-de-Gras vill ergänzend Aktivitéiten, wou d’Eisenäerz de roude Fuedem ass. Et ëmfaasst den Fond-de-Gras, d’Duerf Lasauvage, déi fréier oppe Minn “Giele Botter” an de kelteschen Oppidum um Tëtelbierg.
Um Terrain vum Fond-de-Gras befanne sech e puer restauréiert historesch Gebaier. Den “Train 1900” fiert tëschent Péiteng an dem Fond-de-Gras op der aler Streck “Ligne des Minières”, déi ab 1874 fir den Oftransport vum Eisenäerz gedéngt huet, dat an der Géigend ofgebaut gouf.
An der Zäit vum Äerzofbau sinn d’Grouwebunnen fir den Oftransport vun de “Buggyen” voller Minett benotzt ginn. Haut fiert d’”Minièresbunn” tëschent dem Fond-de-Gras a Lasauvage. Den Tour duerch den ale Stollen ass e beandrockend Erliefnes. Wéinst de Covid-19-Aschränkungen mussen d’Passagéier elo allerdéngs u Bord bleiwen.
Am Dierfchen Lasauvage gëtt et vill ze kucken an en Tour iwwer den Tëtelbierg mat sengen archeologeschen Stätten lount sich op alle Fall, wéi och e Spadséiergang iwwer de “Giele Botter”. D’Natur huet sech déi fréier oppe Minn op beandrockend Aart a Weis zréckeruewert. E ganz besonnescht Erliefnes sinn och d’Draisinen, mat deenen een tëschent dem Fond-de-Gras an dem Bois-de-Rodange iwwer d’Schinne flitze kann.
Informatiounen fir d’Elteren:
- Adress : 2, Fond-de-Gras, L-4576 Niederkorn. Infos: info@minettpark.lu(+352) 26 58 20 69 (vun méindes bis freides). Web: www.minettpark.lu
- Wéi kommen ech dohinner? Mam Auto: Autobahn A13, Ausfaart Nr. 2 Niederkorn, de Schëlder mat “Fond-de-Gras” nofueren. Gratis Parkplazen sinn do.
- Mam Train 1900: Zu Péiteng de Schëlder “Train 1900″ nofueren bis bei de Quai (Rue de Niederkorn). Gratis Parkplazen sinn do.
- Déi zwee historesch Zich fuere just vum 1. Mee bis de leschte Sonndeg am September, ëmmer Sonndegnomëttes an d’Feierdeeg (mat Ausnam vum 23. Juni). Opgepasst: Wéinst de Coivd-19-Distanzreegelen ginn et manner Plazen am “Train 1900”.
- D’Ausstellungen an d’Muséeën am Fond-de-Gras an zu Lasauvage si vu 14.00 bis 18.00 op.
- De Minett Park bitt doriwwer eraus thematesch Féierungen, fir déi ee sech iwwer d’Internetsäit www.minettpark.lu umelle muss. D’Limitt vun de Participante läit bei 10.