En Erliefnes fir d’ganz Famill ass d’Entdeckung vun der Buerg vu Larochette (Fiels). Säit dem 12. Joerhonnert trount déi beandrockend Festungsanlag héich iwwer dem Dierfchen, ronn 150 Meter iwwer dem Dall vun der Wäisser Iernz. En Deel vun der Buerg gouf restauréiert a ka besicht ginn. Hei gi reegelméisseg Féierungen ugebueden. 

Schéin ass de Rondwee, deen an der Mëtt vum Duerf ufänkt an iwwer de “Verluerekascht” an déi fréier Bunnstreck vum “Jhangeliduerch den “Ouschterbësch” an den Dall vun der Wäisser Iernz féiert. Hei ginn et flott Aussiichtspunkten vun deenen aus een d’Buerg ëmmer am Bléck huet.  

An der Emgéigend gëtt um Camping Op Kengert villes fir Kanner gebueden. Dee läit ronn dräi Kilometer vun Zentrum vun der Fiels ewech a bitt eng grouss Outdoor- an Indoor-Spillplaz an e 750 Meter laange Buerféisswee. Am Bësch niewendrun gëtt et och ee Motorikpark an deem een u verschidde Geräter Gläichgewiicht a Koordinatioun teste kann.  

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Buslinnen 105 a 110 verbannen d’Haaptstad an d’Fiels.  
  • Fir Autoe gëtt et bei der Schongfabrik e grousse Parking Chemin Jean-Antoine Zinnen, L-7626 Larochette 
  • D’Streck fir dee ronn aacht Kilometer laangen Autopédestre fënnt een hei
  • Fir um Lafenden ze bleiwen, wat an der Fiels alles lass ass, sollt ee reegelméisseg op der Websäit vum “Syndicat d’Initiative et de Tourisme” laanscht surfen.  
  • D’Websäit vum Camping Op Kengert fënnt een hei
  • Och de Buerféisswee huet eng eege Websäit
  • De Kannerzäit-Artikel zum Motorikpark gëtt et hei.