No enger Zwangspaus am Joer 2021 wéinst der Pandemie ass déi Dikrecher Kavalkad den 8 Mee nees do fir hir 54. Editioun. De Veräin “Eselen aus der Sauerstad Dikrich A.S.B.L” huet déi leschten 10 Méint enorm vill Aarbecht an d’Organisatioun vun dem Spektakel gestach, dem seng Urspréng bis an d’Joer 1870 zréck reechen an dat Zéngdausende Visiteuren unzitt. Dës kënnen net just de ganz faarwegen Ëmzuch kucken, dee sech iwwer méi wéi 2 Kilometer zitt, mee kréien och e ganze Koup vun Attraktiounen ronderëm d’Kavalkad gebueden. E grousst Fest fir d’ganz Famill, dat Dir Iech net entgoe loosse sollt!

Méi Informatiounen

  • Den Ëmzuch start um 14.30 an der Rue Jean Merten a soll géint 17.30 an der Avenue de la Gare ukommen.
  • Vu 16.00 un ass eng musikalesch Begleedung am Kulturzenter “Al Sëerei” virgesinn.
  • D’Organisateuren wäerten dëst Joer op der Esplanade beim Promo Center an an der Avenue de la Gare, ganz no bei der Gemeng, speziell “Family Places” ariichten. Dës Zonen, an deene keen Alkohol zerwéiert gëtt, si strategesch esou placéiert, dass Familljen se liicht erreeche a rëm verloosse kënnen, ouni géint Mënschemassen unzekämpfen.
  • Alles, wat Dir iwwer d’Dikrecher Kavalkad musst wëssen, fannt Dir op www.cavalcade.lu